Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
search

/ Oppene Bréif un d'Ursula von der Leyen: LSAP-Fraktioun gesäit Schengen a Gefor

Europäesch Kommissioun

Oppene Bréif un d'Ursula von der Leyen: LSAP-Fraktioun gesäit Schengen a Gefor

D’LSAP-Fraktioun adresséiert sech an engem oppene Bréif un d‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen a fuerdert si op Stellung zu de kierzlech agefouerte Grenzkontrollen am Schengenraum ze bezéien. Schengen wier a Gefor, warnen d‘Sozialisten.

auto_stories

1 min

Ursula von der Leyen | © picture alliance/dpa | Philipp von Ditfurth
Foto: picture alliance/dpa | Philipp von Ditfurth

D‘Kontrollen op de franséischen an däitsche Grenzen hätten ee groussen Impakt op Lëtzebuerg. Notamment op den Alldag vun de Frontalieren, Schüler, Studenten an Touristen, mee och op d‘Ekonomie, de Commerce an d‘Kultur. Se stéingen och am Widdersproch zu der Iddi vun Europa an der Beweegungsfräiheet. D‘Sécherheet misst der Fräiheet déngen, an net ëmgedréint.