arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Oppe Froen zum Claude Meisch senge Prioritéiten

Schoulrentrée

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Oppe Froen zum Claude Meisch senge Prioritéiten

Fir d'Oppositioun bleiwen no der Ukënnegung vun de Prioritéite fir d‘Schoulrentrée eng ganz Rei Froen op. No der Pressekonferenz d'lescht Woch, huet den Educatiounsminister Claude Meisch um Dënschdegmoie seng Prioritéiten an der Chamberkommissioun virgestallt.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Francine Closener (LSAP) | © Chambre des Députés
Francine Closener (LSAP) (Foto: Chambre des Députés)

Wann et dorëms geet, Kënschtlech Intelligenz méi an den Unterrecht mat anzebauen, ass d’Djuna Bernard vun deene Grénge skeptesch, wéi dat genee funktionéiere soll.

"De Minister huet en éischten Opschlag gemaach wat d'Theema KI an der Schoul ass. Do huet e virun allem mol eng Bestandsanalys gemaach. Mee mir erwaarden am Fong vun engem Minister e bësse méi wéi just eng Analys vun der Situatioun, mee och konkret Pisten ze proposéieren, wat dat heescht. Am ganz Konkreete souwuel fir d'Schüler, wéi fir d'Enseignant, well ech mengen, do stelle sech eng ganz vill praktesch Froen."

Iwwerdeems froe sech déi gréng, wéi een Impakt Kënschtlech Intelligenz op den aktuelle Schoulsystem hätt. Do géife sech méi grouss Iwwerleeunge stellen, wéi déi, déi de Minister elo géif envisagéieren, esou nach d’Djuna Bernard.

LSAP: Konzepter sollen zesumme mat de Schoulpartner ausgeschafft ginn

D'Sozialiste gesinn nach ëmmer e grousse Problem, wat d'Chancëgläichheet fir all Schüler ugeet, wéi d’Francine Closener vun der LSAP erkläert.

“Nach ëmmer ass de Problem vun der Chancëgerechtegkeet net geléist. Et ginn zwar méi Europaschoulen, et gëtt och de Projet Alpha elo d'nächst Schouljoer generaliséiert. A sech ass dat prinzipiell jo och gutt, mee mir hunn awer gesinn am leschte Bildungsbericht, datt eigentlech a puncto Chancëgerechtegkeet bis elo näischt besser ginn ass."

Den Educatiounsminister Claude Meisch géif zwar punktuell probéieren, Problemer ze léisen, mee als LSAP hätt een et léiwer gehat, datt den DP-Educatiounsminister e Konzept zesumme mat de Schoulpartner ausgeschafft hätt, esou nach d’Francine Closener.

ADR: Wéi sollen all d'Schüler:innen adequat enseignéiert ginn?

Fir den Dan Hardy vun der ADR ass den Haaptchallenge deen, de Plus u Schülerinnen a Schüler, déi all Joer opkommen, uerdentlech kënnen an de Schoulen uechtert d’Land opzefänken.

"Fir eis als ADR ass et do wichteg, datt déi och gutt encadréiert kënne ginn, mat genuch Léierpersonal. Dat ass net einfach. An engem Land vu Lëtzebuerg, wou all Schouljoer méi wéi 2.000 Schüler dobäi kommen. Dofir hunn ech de Minister och gefrot, wat seng Strategie ass, fir eeben déi, op déi Schüler och alleguerte kënnen adequat ze enseignéieren."

Vum Claude Meisch wier ee gewuer ginn, datt ee mat Hëllef vun der Uni wéilt 180 Enseignantë pro Joer astellen, fir deem Problem entgéint ze wierken, esou nach den ADR-Deputéierten Dan Hardy.

play_arrow Lauschteren