D'FEDAS huet gëschter gewarnt: Ëmmer méi Leit riskéiere wéinst héije Loyeren a Wunnengsnout ouni Daach iwwer dem Kapp ze stoen. Haut schonn hunn tëschent 600 an 2.000 Persounen hei am Land keen eegenen Ënnerdaach.
Minister Hahn: "All Obdachlosen ass een ze vill"
De Familljeminister Max Hahn huet am Interview erkläert, säi Ministère géif zënter 2022 selwer Zuelen erhiewen, mee: "All Obdachlosen ass een ze vill." Hie verweist op en EU-Engagement: bis 2030 soll zu Lëtzebuerg kee méi op der Strooss liewen, deen hei sozial Rechter huet.
Roll vun de Gemengen
Als Schlëssel gesäit de Max Hahn eng kollektiv Responsabilitéit. Haut wieren nëmme fënnef vun honnert Gemengen am Beräich aktiv. Amplaz op Obligatiounen ze setzen, geet de Minister de Wee vum Dialog a vun der Sensibiliséierung: "Ech maachen den Tour vun de Schäfferéit, fir se op d’Theema opmierksam ze maachen an Ängschten ze huelen."
Schwéier Situatioun fir Refugiéen
Besonnesch betraff sinn och Beneficiairë vun der Protection internationale (BPI). Obwuel si Zougang zu Aarbechtsmarché an Office social hunn, ass et schwéier eng Wunneng ze fannen. De Max Hahn erënnert drun, datt dës Persounen nach ee Joer an de Strukture kënne bleiwen, nodeems si hire Statut kruten. Awer och fir si gëllt: "Et ass schwéier fir jiddereen, um Logementsmarché fündeg ze ginn."