arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Op mannst 279 Doudeger

Air India

|
reading time

1 min

Op mannst 279 Doudeger

De provisoresche Bilan vun den Doudesaffer nom Crash vun enger Boeing 787 vun Air India ass op 279 geklommen, mellen d‘Autoritéiten. 

reading time

1 min

© picture alliance/dpa/dpa Grafik | dpa-infografik GmbH
(Foto: picture alliance/dpa/dpa Grafik | dpa-infografik GmbH)

D‘Maschinn war en Donneschdeg kuerz nom Depart a Richtung London zu Ahmedabad am Nordweste vun Indien an engem Wunnquartier erofgefall. 

Am Fliger waren 242 Persounen, eenzegen Iwwerliewenden ass ee vun de Passagéier. 

Och um Buedem, wou d‘Maschinn erofgefall war, koume bal 40 Mënschen ëm d‘Liewen.