D‘RSF hat de Weekend d‘Kontroll iwwer déi zënter Méint ëmkämpfte Groussstad iwwerholl. Dausenden si geflücht. Si hätten zum Deel vu willkürlecher Gewalt, Ermordung an Hiriichtunge vu Säite vun der RSF geschwat, esou d‘UNO.
Experte fäerten eng massiv Verschlechterung vun der Lag ,fir d‘Leit déi nach zu al-Fashir wunnen. D‘Vereenten Natioune beschreiwen d‘Lag am Sudan als déi gréisst humanitär Kris op der Welt.