arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Op d'mannst bis 2028 ass kee Referendum zu Lëtzebuerg virgesinn

Politik

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Op d'mannst bis 2028 ass kee Referendum zu Lëtzebuerg virgesinn

An der Chamber gouf sech um Donneschdegmoie mat der Biergerbedeelegung per Referendum befaasst. De Piraten-Deputéierte Marc Goergen huet an enger Interpellatioun gefuerdert, datt d’Bierger:inne sollte mat entscheede kënnen, och tëschent de Walen. Zu Lëtzebuerg wier dat awer leider d’Ausnam.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / BeckerBredel
(Foto: picture alliance / BeckerBredel)

D’Bierger:innen hätte kee Matsproochrecht, well ausser bei Wale wier op deem Gebitt hei am Land näischt lass. De Premier Luc Frieden gesäit dat awer méi nuancéiert.

D'Schwäiz als Virbild?

D’Biergerbedeelegung wier ze respektéieren, net nëmmen um Walsonnden, well si wier essenziell fir d’Demokratie, esou den Deputéierte vun de Piraten, de Marc Goergen.

"Si féiert zu méi Transparenz, méi Vertrauen an d'Politik, an et geet ëm eng méi grouss Akzeptanz vun deene getraffenen Decisiounen. Et brauch een en direkten Austausch mat de Leit. Duerch den Dialog gi politesch Entscheedungen ugeräichert, gi besser a ginn duerch déi reell Problemer ugepasst."

Et kéint ee vill maachen, huet de Marc Goergen erkläert, wéi zum Beispill, datt Bierger:innen de Ministere Froe stelle kéinten. D’Schwäiz wier e Virbild mat hire Referenden: D’Bierger:inne kéinte sech do zu grousse Froen ausschwätzen.

Luc Frieden: Biergerbedeeleung "nëtzlech an noutwendeg"

E Referendum sollt d’Politik net ersetzen, mee se ergänzen. Zënter deem vun 2015 hätt et am Grand-Duché awer kee méi ginn. Un d’CSV-DP-Regierung war et dofir d’Fro vum Interpellant, ob si bis 2028 nach e Referendum géif virgesinn.

Fir de Premier Luc Frieden fonctionéiert d’Demokratie zu Lëtzebuerg gutt, well d’Parteien am permanente Kontakt mat de Leit wieren. Dee System sollt net a Fro gestallt ginn, och wann eng Biergerbedeelegung ganz nëtzlech wier.

"Mee d'Entscheedungsmechanismen, dat ass a mengen Aen d'Chamber um nationale Plang, dat ass de Gemengerot um lokale Plang, mee datt een um Wee dohin d'Leit abënnt, dat schéngt mir noutwendeg."

Aktuell Sujeten net fir e Referendum gëeegent

Am Koalitiounsaccord wier kee Referendum bis 2028 virgesinn, huet de Regierungschef op d’Fro vum Piraten-Deputéierte geäntwert. Dem Luc Frieden no wier et nämlech schwiereg, fir zum Beispill e Sujet wéi d’Pensiounsreform an eng Referendumsfro ze géissen. 

Nawell sollt ee kucken, wéi een d’Demokratie weider verbessere kéint.

 

play_arrow Lauschteren