arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Op d'mannst 89 Mënsche stierwe bei Ausernanersetzungen a Syrien

Gewalteskalatioun

|
reading time

1 min

Op d'mannst 89 Mënsche stierwe bei Ausernanersetzungen a Syrien

Bei gewaltsamen Ausernanersetzungen am Süde vu Syrie sinn op d‘mannst 89 Mënschen ëm d‘Liewe komm. Wéi déi syresch Observatioun fir Mënscherechter matdeelt, goufen ënner den Affer 50 Drusen, 18 Beduinen a 14 Zaldote gezielt.

reading time

1 min

D’Onrouen haten ugefaangen nodeems e jonken Drus op enger Strooss tëschent Damaskus a Suwaida iwwerfall gouf. Dëst huet zu enger Eskalatioun tëschent arméierte Gruppen aus druseschen a beduinesche Communautéite gefouert.

D’Regierung, déi zënter der Chute vum fréiere President Assad zu Damaskus un der Muecht ass, huet militäresch Aktiounen ugekënnegt, fir d'Situatioun ënner Kontroll ze kréien.

Gläichzäiteg huet déi israeelesch Arméi ugekënnegt, si hätt Panzer an der Regioun ugegraff. Ob dat am Zesummenhang mat de lokale Kämpf steet, ass net kloer. Israel ënnerstëtzt zënter längerem déi drusesch Minoritéit a Syrien.