arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Op d'mannst 37 Doudeger bei engem Schëffsongléck am Vietnam

Ha Long Bay

|
reading time

1 min

Op d'mannst 37 Doudeger bei engem Schëffsongléck am Vietnam

Bei engem Schëffsongléck am Vietnam sinn op d‘mannst 37 Leit ëm d‘Liewe komm. En Touristeschëff mat 53 Passagéier ass zu Ha Long Bay am Norde vum Land bei schlechtem Wieder ëmgekippt.

reading time

1 min

© Viet Nam News via X
(Foto: Viet Nam News via X)

Ënner den Doudesaffer wieren op d‘mannst 8 Kanner, esou vietnameesesch Medien. Eng Partie Leit ginn nach vermësst.

Déi meescht Passagéier ware vietnameesesch Familljen aus der Haaptstad Hanoi. E Bouf vun 10 Joer gouf gerett, nodeems hien an enger Loftblos ënner deem ëmgekippte Schëff blockéiert war. 

Am Ganze konnte bis elo 11 Leit aus dem Waasser gerett ginn. Kuerz virum Ongléck gouf et staark Donnerwiedere mat Knëppelsteng a staarkem Wand.