arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op d'mannst 24 Doudesaffer bei russeschen Attacken hënt op Kiew

Krich an der Ukrain

|
reading time

1 min

Op d'mannst 24 Doudesaffer bei russeschen Attacken hënt op Kiew

Ënner den Doudesaffer wieren och dräi Kanner, esou déi ukrainesch Autoritéiten. D'Rettungsekippe wieren iwwerdeems nach amgaangen no Iwwerliewenden an den Iwwerreschter vun engem Gebai, dat zesummegebrach ass, ze sichen.

reading time

1 min

© EPA/SERGEY KOZLOV
(Foto: EPA/SERGEY KOZLOV)

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj gehäit Russland vir, d'Ukrain an de leschte 24 Stonne mat iwwer 1.500 Drone getraff ze hunn. Dat wier keen Zeechen dofir, datt de Krich op en Enn géif goen, wéi de russesche President Vladimir Putin et virun e puer Deeg sot. 

D‘Verhandlungen, ënnert amerikanescher Vermëttlunge, leien den Ament op Äis. Russland an d‘Ukrain hunn haut och 205 Krichs-Prisonéier ausgetosch, dat huet déi russesch Arméi mat gedeelt, eng Woch nodeems den US President Donald Trump en Accord fir e Prisonéier-Austausch annoncéiert hat.