arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Op d'mannst 16 Doudeger bei Manifestatiounen am Nepal

Blockage vu soziale Reseauen

|
headphones

1 min

Op d'mannst 16 Doudeger bei Manifestatiounen am Nepal

Op d'mannst 16 Doudeger a ronn honnert Blesséierter gouf et bei Manifestatiounen am Nepal géint de Blockage vu verschiddene soziale Reseauen am Land. Dat mellt déi nepaleesesch Police an engem neie Bilan.

headphones

1 min

Demonstranten virum Parlamentsgebai an der nepaleesescher Haaptstad Kathmandu | © EPA/NARENDRA SHRESTHA
Demonstranten virum Parlamentsgebai an der nepaleesescher Haaptstad Kathmandu (Foto: EPA/NARENDRA SHRESTHA)

D'Police hat d'Manifestatioun an der Haaptstad Kathmandu opgeléist, nodeems e puer dausende Leit duerch d'Sécherheetsblockad vun der Police bei d'Parlament wollten duerchdréngen. 

Den nepaleesesche Kommunikatiounsministère hat Enn der Woch annoncéiert, datt den Accès zu 26 Plattformen, dorënner Facebook, Youtube an X, soll blockéiert ginn. D'Plattformen hätten sech net am virgeschriwwenen Delai beim Ministère enregistréiert, heescht et.