arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Op d’mannst 11 Doudeger wéinst Taifun am Vietnam

International

|
headphones

1 min

Op d’mannst 11 Doudeger wéinst Taifun am Vietnam

A Südostasie suergt den Tropestuerm Bualoi fir schwéier Schied. Op d’mannst 12 Mënsche si bis ewell am Vietnam ëm d’Liewe koum. 17 Fëscher goufen als vermësst gemellt.

headphones

1 min

Bierger:innen an engem Evakuatiounszenter zu Cavite city op de Philippinnen  | © EPA/FRANCIS R. MALASIG
Bierger:innen an engem Evakuatiounszenter zu Cavite city op de Philippinnen (Foto: EPA/FRANCIS R. MALASIG)

Um Sonndegowend ass de Stuerm un der Zentralküst op Land getraff. Ier de Stuerm a Richtung Laos gezunn ass, huet en op de Philippinnen op d’mannst 27 Mënschen d’Liewe kascht. Honnert Dausende Mënschen hu missen evakuéiert ginn.

Deelweis ass de Stroum ausgefall. Et ginn Iwwerschwemmungen an Äerdrutschen. Véier Flughafen an der zentraler Regioun vum Vietnam waren ausser Betrib, dorënner och den internationale Flughafen Da Nang.

Méi wéi 240.000 Zaldotinnen an Zaldote waren an Alarmbereetschaft.

Virun engem Mount hat schonn den Taifun “Kajiki” am Zentrum an am Norde vum Vietnam vill Schued ugeriicht an dräi Mënscheliewe gefuerdert.