Radioen

On air

De Weekend  |  Stereolab - Blips Drips And Strips

play_arrow Live
search

/ Op d‘Oueren! Eis Liblingslidder vun der Woch

Nei Musek

Op d‘Oueren! Eis Liblingslidder vun der Woch

Et gëtt esouvill nei Musek z‘entdecken. D‘Museksredaktioun vum radio 100,7 lauschtert sech all nei Verëffentlechung un. Ok, vläicht net grad all Lidd, an dach dinn eis Oueren um Enn vum Dag wéi. Di hei Songs hunn et a sech a lafe bei eise Museksnerds ouni Enn op der Anlag.

auto_stories

1 min

Drife, d‘Indie-Rocker aus dem Norde vum Land hunn en neien Ourewuerm dobausse mat „On The Run“. D‘Hamburger Veteranen Tocotronic äntfere wéi ëmmer intelligent an engagéiert op all Zort vun Terror, wärend de Kanadier Caribou e weideren, KI-ënnerstëtzten Track vu senger Plack „Honey“ erausbréngt. Dir wëllt net méi wéi en agängege Popsong? Lauschtert Iech „Perfect Stranger“ un, ee Virgeschmaach op hir nei Plack EUSEXUA, déi fir Enn Januar annoncéiert ass. The Cure hir nei Plack „Songs of a Lost World“ gëtt als pessimistescht Spéit-Meeschterwierk ugesinn, an d‘Single „A Fragile Thing“ ass ee vun deene beschten Titelen… zulescht dann nach Don Piano, déi Lëtzebuergesch Jazz- an Hiphop Equipp ronderëm de Batteur John Wolter, déi mam dubby-hierschtlechen „Pouring Rain“ iwwerzeegen!

Op d‘Oueren! 25.10.2024

  • Drife – On The Run
  • Tocotronic – Denn sie wissen was sie tun
  • FKA twigs – Perfect Stranger
  • Caribou – Come Find Me
  • Jordana – Raver Girl
  • The Cure – A Fragile Thing
  • Don Piano – Pouring Rain