Et gëtt esouvill nei Musek ze entdecken. D‘Museksredaktioun vum radio 100,7 lauschtert sech all nei Verëffentlechung un. Ok, vläicht net grad all Lidd, an dach dinn eis Oueren um Enn vum Dag wéi. Di hei Songs hunn et a sech a lafe bei eise Museksnerds ouni Enn op der Anlag.
Mir fänken d‘Playlist dës Woch duuss mam spuenesche Singer-Songwriter Pablo Dexter alias pablopablo un. Op sengem fuschneien Debut "Canciones En Mi“ experimentéiert hie mat diversen Texturen a schaaft eng intim Atmosphär, déi u Bon Iver erënnert.
Déi englesch Band White Lies liwwert epesch Krautrock-Kläng op hirer neier Single "Nothing On Me“, wärenddeem et méi hëtzeg op der neier Lola Young Nummer "One Thing“ hiergeet.
Aus Lëtzebuerg zerwéiert den Josh Island e ronnt Pop Stéck, an deem Däischtert op Liichtegkeet trëfft. Op d‘Danzfläch invitéiert de Velar Prana vu Wien mam wibbelege Song "Much More“ an déi englesch Musekerin Nectar Woode liwwert mat "Only Happen“ sonneg R‘n‘B Vibes fir een duerch den Dag ze droen.
pablopablo – Vida Nueva
White Lies – Nothing On Me
Lola Young – One Thing
Nectar Woode – Only Happen
Velar Prana – Much More
Josh Island - Courage