D'CFL deelt mat, datt et vum 15. Dezember un zu Ännerunge bei den Horairë kënnt. Deemno sollen op der Zuchstreck tëschent Näerzeng a Rëmeleng d‘Zuchverbindunge verstäerkt ginn. Och Reesender a Richtung Norde profitéiere vun den Ännerungen.
Vum 15. Dezember u fueren op der Streck Näerzeng-Rëmeleng 7 Zich den Dag mat 2 Zich d'Stonn zu de Spëtzestonnen.
Op der Streck Richtung Norde sollen da weekends an op Feierdeeg méi Zich fueren.
Iwwerdeems sollen och vun Dezember un Zich direkt vu Lëtzebuerg op Libramont an der Belsch fueren, ouni mussen zu Arel ëmzeklammen, heescht et nach am Schreiwes vun der CFL.