Et wier effektiv e grousse Problem, well d'Resistenzen d'Tendenz hunn, eropzegoen. Dat heescht, et huet een ëmmer méi Antibiotiquen, déi net méi wierken, erkläert de Jean-Claude Schmit am 100,7-Interview.
"An dat äussert sech doduerch, dass et ëmmer méi schwiereg gëtt, eng Rei Infektiounen ze traitéieren. Zum Beispill an Europa, do gëtt domat gerechent, dass ongeféier 35.000 Leit d'Joer stierwen, well se keen Traitement méi hu mat Antibiotiquen an awer eng Infektioun hunn, déi misst traitéiert ginn."
An datt et souwäit kënnt, ass virun allem drop zeréckzeféieren, datt ze vill Antibiotiquë geholl ginn. Och a Fäll, wou am Fong guer keng géife gebraucht ginn.
Doktere ginn op Nummer sécher
Mee firwat ass dat esou? Hunn d'Dokteren en Interêt drun, besonnesch viller där Antibiotiquen ze verschreiwen? Net wierklech, mengt den Direkter vun der Santé. Hie féiert et ob d'Onsécherheet vun de Patienten zeréck.
"Ech si krank. Ech weess net, wat ech hunn. Am Zweiwelsfall froen ech natierlech mäin Dokter: 'Brauch ech Antibiotiquen?' Den Dokter weess och net ëmmer genau. Ass et viral? Ass et e Mikrob? Ass den Antibiotik wierklech indiquéiert?"
Am Zweiwelsfall géing een dann heiansdo op Nummer sécher goen, seet de Jean-Claude Schmit. Esou kéim et zu enger "Iwwer-Verschreiwung" vun Antibiotiquen.
Dat kléngt net gutt, mee den Direkter vun der Santé huet awer och eng méi positiv Nouvelle. D'Consommatioun vun Antibiotiquen zu Lëtzebuerg wier an de leschte Jore lues awer sécher rofgaangen.
Et wier een also "um richtege Wee." Mee: "Mir sinn awer nach net do, wou mir sollte sinn."
Och Déiere si betraff
Fir datt d'Entwécklung weider an déi Richtung geet, probéiert d'Santé reegelméisseg ze sensibiliséieren. Virun e puer Deeg huet de Gesondheetsministère en ausféierleche Rapport iwwer de Gebrauch vun Antibiotiquë publizéiert, dee sech virun allem un d'Doktere riicht.
Et ginn awer och einfach Gesten, mat deene jiddereen e Bäitrag leeschte kann: Sech impfe loosse fir manner krank ze ginn, an hygieenesch Moossname respektéieren, wéi sech reegelméisseg d'Hänn ze wäschen.
D'Santé riicht sech mat hirer Sensibiliséierung awer net just un de grousse Public an un d'Dokteren, mee och un d'Veterinären, well och Déiere kréien ze dacks Antibiotiquen an och dat dréit dozou bäi, datt déi Medikamenter ëmmer manner gutt wierken.