arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Onkloerheete beim iPad-Modell fir Lycéeën

Educatioun

|
reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow

Onkloerheete beim iPad-Modell fir Lycéeën

Nieft dem Handy-Gebrauch soll och dee vum iPad am schoulesche Kontext ageschränkt ginn. Mee d’Ëmsetzung vum neie Konzept, dat den Educatiounsministère ausgeschafft huet, wërft bei enger Partie Lycéeën awer nach eng Rei Froen op. 

reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow
Vun elo u ginn et 3 verschidde Modeller, wéi den iPad an der Schoul genotzt ka ginn. | © picture alliance / dpa | Matthias Balk
Vun elo u ginn et 3 verschidde Modeller, wéi den iPad an der Schoul genotzt ka ginn. (Foto: picture alliance / dpa | Matthias Balk)

Laang war d'Devis, datt all d'Schüler aus dem Secondaire en Tablet als Léierdispositiv kréie soll. Dat mam Zil, de Schüler:innen den Ëmgang mam Gerät an der digitaler Welt bäizebréngen. Am Kader vun der Screen-Life-Balance-Campagne huet den Educatiounsministère elo een neit Konzept ausgeschafft: Nieft dem Handy-Gebrauch soll och dee vum iPad am schoulesche Kontext ageschränkt ginn.

Genee wéi beim Handy gëtt de Ministère elo 3 verschidde Modeller vir: Vun engem punktuelle Gebrauch am Unterrecht, iwwer ee méi intensive Gebrauch, bis zu der kompletter Integratioun vum iPad. Déi nei Modeller lafe vun der Rentrée un un. Mee d'Ëmsetzung vum neie Konzept wërft bei enger Partie Lycée awer nach eng Rei Froen op. 

iClass, iShare a myDevice

D'Modeller heeschen iClass, iShare an myDevice. Fir déi ënnescht Klassen - also vu 7ème bis 5ème, respektiv 4ème am Général - gëllt de Modell iClass. Hei kréien d'Schüler:innen en iPad vun der Schoul gratis zur Verfügung gestallt.

Fir de Cycle Superieur gëllt de Modell vum myDevice. Bei dësem Prinzip sinn d'Méiglechkeete fir de Gebrauch um Tablet limitéiert. Net awer esou restriktiv, wéi beim Modell iClass.

De Modell iShare gesäit e punktuelle Gebrauch vum iPad vir. Dëse ka bei all den Altersklassen applizéiert ginn. D'Iddi vum iShare ass, datt d'Schoulen eng gewëssen Zuel un iPaden hunn, déi d’Schüler:innen da fir eng Schoulstonn benotzt kënnen.

Ënnerschiddlech Ëmsetzungen

Et gëtt een Haaptgrond fir dës Ännerung, erkläert de Lex Folscheid, éischte Conseiller beim Educatiounsministère.

"Déi dräi Modeller ersetzen den one2one System, dee bis elo en place war. D’Schüler haten hei duerch eng Contributioun vu 50 Euro d’Joer hiren eegenen iPad. D’Lycéeën uechtert Land haten elo nach virun der Summervakanz dozou opgeruff, datt d’Schüler dësen entweder nees an der Schoul ofginn, oder géint en Opräiss ofkafen an hale kënnen."

Op eis Nofro hin huet den Atert Lycée eis erkläert, datt si keng gréisser Problemer mat der Ëmsetzung vum Mediekonzept an deenen neie Virschrëften hunn, well si zënter Jore scho mat engem änleche System géinge schaffen, esou den Direkter Jeff Kohnen.

"Mir hunn ëmmer eréischt 4ème-iPad-Klassen. An dobäi si mir och elo bliwwen. An et sinn awer elo puer Schoulen, déi entweeder ganz op 7ème mam iPad ugefaangen hunn, oder verschidde Klassen, déi dat awer reduzéiert hunn. Verschidde Schoulen hunn och gesot: 'Nee, mir maachen och elo dee Modell eréischt op 4ème, well mir awer Léieren doraus gezunn hunn, datt vläicht op 7ème de Gebrauch net ëmmer ideal ass."

"Praktesch Ongewëssheet"

Eng ganz Partie aner Schoule konnten, respektiv wollte sech net äusseren, wéi si zukünftegt mat iPads schaffen, oder wollten net zitéiert ginn. Duerchgeklongen ass awer, datt si deelweis iwwerfuerdert mat der Ëmsetzung vun den neie Reegelunge sinn.

An engem Schreiwes vum Iechternacher Lycée, dat dës Woch un d'Schüler:inne vum Lycée erausgaangen ass an eis virläit, heescht et, datt den LCE d'nächst Joer "Op de Wee vum iShare Modell goe wäert." De Wee vum myDevice Modell géif een nach net goen, well "dëse Modell aktuell nach vill praktesch Ongewëssheet mat sech bréngt."

De Lex Folscheid vum Educatiounsminister sot op eis Nofro hin, datt Schoulen, déi schonn e kloert pedagogescht Mediekonzept hunn, och an der Kontinuitéit weiderfuere kéinten.

iPads méi laang am Ëmlaf halen

Zil vun der Ännerung wier net, bestoend Mediekonzepter komplett ze iwwerschaffen an den iPad aus de Lycéeën ze verbannen, mee et wéilt een de Gebrauch vun de Geräter adaptéieren, heescht et vum Educatiounsministere. Primär géif et hei ëm e méi protektionisteschen Ëmgang mat den iPads goen.

Et wéilt een awer och den nohaltege Volet fërderen an d'Tablets méi laang am Ëmlaf halen, esou de Lex Foslcheid.

"Wann d'Schüler op den ieweschte Klassen e performanten Outil brauchen, en iPad, en neien iPad, a vläicht och nach duerno, wa si op d'Uni wëlle goen, dann ass dat heiriwwer garantéiert, well si kréien en neien Apparat op den ieweschte Klassen, dee si dann och kënnen halen duerno, a wou mir sécher sinn, dass si op den ieweschte Klassen dann och e performanten Outil hunn."

Dobäi kéim och, datt d'Demande vun den Elteren no iPad-Klassen zeréckgoe géif, esou nach de Lex Folscheid. 

play_arrow Lauschteren