De Kandidat vun der Bauerenzentral gesäit dann och e kloert Mandat. Well déi zwou aner Lëschten awer mat fënnef, respektiv véier Sëtz knapp hannendru leie gesinn och si sech als Walgewënner. Dat gëllt besonnesch fir d’Lëscht 3 ronderëm de Christian Hahn.
D’Lëscht déi vill jonk Bauere vertrëtt schwätzt sech fir e Renouveau aus a revendiquéiert Responsabilitéit a méi Matsprooch. Fir eng Kampfofstëmmung ze verhënneren an no Kompromësser ze siche ware Vertrieder vun den dräi Lëschten de moie beieneen.
Wéi et heescht wieren et konstruktiv Gespréicher gewiescht. Onkloer ass, wéiwäit d’Bauerenzentral bereet ass der neier Lëscht entgéint ze kommen. Den neie Präsident vun der Landwirtschaftskammer gëtt e Freide gewielt.