Nieft der Presentatioun vum Aktivitéitsrapport goufen et och Virträg zu Gendermedezin. Dobäi gëtt souwuel dat biologescht Geschlecht wéi och dat soziokulturellt Geschlecht, de Gender, berücksichtegt.
Gesetzlech Grondlag wier ënnerwee
D'Kardiologin a Grënnerin vum Institut fir Gendermedezin un der Charité Berlin, d’Vera Regitz-Zagrosek, erkläert, datt eng Verbesserung vun der Gläichstellung an der Gläichheet am Gesondheetssystem och en ekonomesche Virdeel kéint hunn.
Fir Politik richteg ze gestalte wier een op Statistiken ugewisen, esou d’Yuriko Backes. Dowéinst soll den Observatoire de l’égalité elo eng gesetzlech Grondlag kréien, e Gesetzesprojet dofir wier ënnerwee.
"D'Frae stinn net am Léierbuch"
Ongläichheet am Gesondheetssystem hätt Konsequenzen, erkläert d’Vera Regitz-Zagrosek vun der Charité zu Berlin. Zum Beispill géife Männer zwar méi dacks en Häerzinfarkt kréien, Frae géifen awer méi heefeg dru stierwen. Dat wier virun allem op ee generelle Problem zeréckzeféieren.
“Die Frauen stehen eben nicht im Lehrbuch. Obwohl wir ja 52 Prozent der Bevölkerung ausmachen. Unsere Symptome gelten als atypisch.”
Awer och d’Männer leiden ënner der Ongläichheet am Gesondheetssystem. Zum Beispill gi Männer manner mat Depressiounen diagnostizéiert, maachen awer méi heefeg Selbstmord. Déi Statistike misst een elo huelen a sech d’Fro stellen, wéi een an der Medezin fir Fraen a Männer genderspezifesch Medikamenter, Soinen oder Preventioun uwende kann.
Déi éischt Aufgab wier et elo mat der Santé zesummenzeschaffe fir dem Problem entgéintzewierken, esou nach d’Yuriko Backes.