Radioen

On air

Ligne 2  |  Ligne 2

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ongereimtheeten am Kulturzentrum Spektrum

Virworf vu Mobbing

Ongereimtheeten am Kulturzentrum Spektrum

Zu Rëmeleng gëtt et Kaméidi ëm de Kulturzentrum Spektrum. Dat mellt d'Wort. D‘Teena Lange war bis Enn September Directrice vun dësem Kulturzenter. Virun 3 Woche gouf si awer entlooss. Hir gouf Mobbing a Messwirtschaft virgehäit, zitéiert d‘Wort de Rëmelenger LSAP Schäffen Jimmy Skendorovic, deen och Member an der ASBL ass, déi Spektrum beopsiichtegt.

auto_stories

1 min

Riets ass vu Kloen, déi bei der ITM gemaach goufen. Mee net jiddereen ass mat der Entloossung averstanen, schreift d‘Wort. Et hunn nämlech elo 4 Memberen aus dem Verwaltungsrot demissionéiert. Ënnert deene 4 sinn d‘Françoise Poos, Kuratorin a Kulturmangerin, oder och d‘Kënschtlerin Karolina Markiewicz. Si géife sech u mangelnder Transparenz stéieren, a wieren och dogéint, datt de Projet elo an eng aner Richtung soll goen, wéi ugeduecht war, esou d‘Wort.

Dëse Kulturzenter war den Haaptprojet vu Rëmeleng am Kader vum Kulturjoer 2022.