arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ "One Battle After Another" ass de grousse Gewënner

GOLDEN GLOBES 2026

|
headphones

1 min

"One Battle After Another" ass de grousse Gewënner

De Film vum Paul Thomas Anderson huet zu Los Angeles véier Präisser gewonnen. De Film hat néng Nominéierungen.

headphones

1 min

D'Chloé Zhao zu Beverly Hills | © EPA/JILL CONNELLY
D'Chloé Zhao zu Beverly Hills (Foto: EPA/JILL CONNELLY)

Den Timothy Chalamet ass och ee vun de Gewënner. Hie gouf als beschte Schauspiller ausgezeechent fir seng Roll am Film "Marty Supreme“. Deen 30-Joer alen Timothy Chalamet ass domat um gudde Wee fir am Mäerz och säin éischten Oscar ze gewannen.

Als bescht Schauspillerin krut d‘Australierin Rose Byrne ee Golden Globe fir hir Roll am Film "If I Had Legs I'd Kick You".

Regie-Präis fir de Paul Thomas Anderson

Den amerikanesche Regisseur Paul Thomas Anderson huet de Präis fir déi bescht Regie gewonne fir säi Film "One Battle After Another“, deen och de Präis fir bescht Komedie krut. Donieft waren et d’Präisser fir dat bescht Dréibuch a fir déi bescht Niewenduerstellerin fir d’Teyana Taylor.

Als beschten Drama gouf de Film "Hamnet“ vun der chineesescher Regisseurin Chloé Zhao ausgezeechent.