Mat knapp 10 Prozent vun der Prisongs-Populatioun géife weiblech Detenue eng absolut Minoritéit duerstelle. D’Ombudsman fuerdert an hirem Rapport ënnert anerem ee méi breede Choix u Sport- an Aarbechtsméiglechkeeten am Prisong. Tâchë fir d’Frae beschränken sech aktuell op Strécken, Wäschen a Bitzen.
Wéineg Eenzelzellen
Aktuell sinn 31 Fraen am CPL zu Schraasseg a siwen am Prisong zu Giwenech. Virun allem de Frae-Block zu Schraasseg misst renovéiert ginn, heescht et am Rapport vun der Ombudsman. Hei ginn et just sechs Eenzelzelle fir déi ronn 30 weiblech Detenuen.
Dës Fuerderung war och schonn am éischte Rapport iwwert d’Situatioun vun de Fraen am Prisong aus dem Joer 2018 festgehale ginn. Ma zënterhier wier net vill geschitt, erkläert d’Ombudsman Claudine Konsbruck.
“Wat och dobäikënnt am Block F ass eng Mëschung vun de Profiller vun de Fraen am Prisong. Dat heescht, dat si souwuel déi condamnéiert, wéi déi an der Untersuchungshaft, mee awer och d'Mineuren, déi do sech alleguer zesummefannen. An dee Melange vun de Profiller ass och net glécklech. An dat bréngt natierlech ganz kloer zu Tensiounen, wat et an deen anere Prisong fir d'Männer net gëtt, well do d'Profiller kloer getrennt sinn.”
Den Ënnerscheed ass: Mat der Ouverture vum Prisong Uerschterhaff am Joer 2022 kënne männlech Prisonéier nämlech besser verdeelt ginn. Wärend Weiblech Prisonéier op dësem Site net mat ageplangt goufen.
Frae bei Dokteschvisitten ugestréckt
Eng vun de 57 Recommandatiounen am Ombudsmann-Rapport bezitt sech op d’Dokterschvisitte. Bei Consultatioun misst ee Polizist mat am Raum sinn, esou de Claudine Konsbruck.
“Wann den Dokter awer verlaangt, datt se sollen erausgoen, da gëtt d'Madamm ugestréckt. D'Dier bleift op, fir datt se kënne mathéieren. Dat ass hautzudaags net méi akzeptabel an do verlaange mer an onsem Rapport, datt dee Prinzip soll ëmgedréint ginn, datt am Fong d'Fraen eleng beim Dokter bleiwen, ausser wann de Polizist valabel Ursaachen huet, fir ze soen, hie misst dobäi bleiwen.”
Eng Verbesserung gesäit d'Ombudsmann bei der Prise en Charge vu Mammen an hire Kanner. E Sall fir Familljevisitte wier awer nach noutwenneg, heescht et nach vun der Ombudsmann.
D’Pressekonferenz war um Méindegmoie symbolesch am Naturmusée am Gronn an der Staat. Bis an 80er Jore war hei de Frae-Prisong.