arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No Bommenalarm um Oktoberfest: Nach vill Froen op

München

|
headphones

2 min

No Bommenalarm um Oktoberfest: Nach vill Froen op

Et bleiwe weider vill Froen op ronderëm d‘Virfäll zu München. Onkloer ass, ob d‘Oktoberfest no enger net-spezifescher Bommendrohung haut nach opgeet: De Site géif mat Sichhënn ofgesicht ginn, esou d‘Police.

headphones

2 min

D’Stad München huet matgedeelt, datt d’Oktoberfest den éischten Oktober bis op d’mannst 17 Auer zou ass | © picture alliance/dpa | Manuel Schwarz
D’Stad München huet matgedeelt, datt d’Oktoberfest den éischten Oktober bis op d’mannst 17 Auer zou ass (Foto: picture alliance/dpa | Manuel Schwarz)

Entwarnung zu München: d‘Oktoberfest soll um halwer 6 den Owend erëm opgoen. Dat mellt den Oberbürgermeister vu München op Instagram. De Site war wéinst enger Sprengstoff-Drohung zou. Bis ewell wier bei Duerchsichungen näischt opfälleges fonnt ginn, esou d‘Süddeutsche Zeitung mat Verweis op d‘Police.

Bei engem Groussasaz no Explosiounen an engem Feier an engem Haus de Moie fréi am Norde vu München war ee Schreiwes mat enger Sprengstoffdrohung géint d‘Oktoberfest fonnt ginn. D‘Police geet dovun aus, datt d‘Haus express bei engem Familjesträit a Brand gestach gouf. Den Tatverdächtege wier ee 57-Joer alen Däitschen, deen zu Starnberg bei Münche gewunnt huet.

Hien soll sech an der Géigend vun engem Séi d‘Liewe geholl hunn. De Mann hätt ee Rucksak mat engem Sprengstoff-Mechanismus dra bei sech gehat, deen entschäerft gi muss. Déi zwee Blesséiert wiere seng 81-Joer al Mamm a seng 21-Joer al Duechter. Béid wieren am Spidol. D‘Motiv an d‘Hannergrënn si weider onkloer – Police schléisst een Zesummenhang mat engem op enger Internetplattform verëffentlechen Antifa-Schreiwes fir den Ament awer aus.

Lauschtert d'Aschätzungen vun der Plaz (12:00 Auer)

play_arrow Lauschteren