Radioen

On air

Mëttesrascht  |  L'Impératrice - Me Da Igual

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ofdreiwung als Grondrecht: ADR géing e Referendum fuerderen

Méiglech Verankerung an der Verfassung

Ofdreiwung als Grondrecht: ADR géing e Referendum fuerderen

Wa sech d‘Iddi fir d‘Ofdreiwung als Grondrecht an d‘Verfassung anzeschreiwe konkretiséiere sollt, da wäert d‘ADR e Referendum an där Fro fuerderen. Dat huet d‘Partei kuerz via Communiqué matgedeelt.

auto_stories

1 min

D‘ADR géif déi rezent Propos vun déi Lénk mat grousser Suerg gesinn. Villméi misst d‘Recht op Liewe vun all Mënsch an der Verfassung verankert ginn.