Den Emmanuel Macron dréckt op de Gas: Um Owend vun der Demissioun vum François Bayrou steet den neie Premier also scho fest. De Sébastien Lecornu huet op X reagéiert a fir d'Vertraue vum President Merci gesot.
D'Fro vum Budget
Am Communiqué vum Elysée heescht et, datt de Sébastien Lecornu elo fir d'éischt mat de Parteie soll diskutéieren, éier hien eng Regierung forméiert. Dat fir indispensabel Accorden ze fannen, grad beim Budget.
Eng grouss Erausfuerderung, déi no zwou gestierzte Regierungen elo op deen neie Premier waart.
LFI: Nominatioun ass eng Provokatioun
An déi éischt Reaktioune vun den Oppositiounsparteie weise schonn, wéi schwéier et wäert ginn. D'Lénkspartei La France Insoumise sot, si géingen e Mësstrauensvott géint de Lecornu areechen. Seng Nominatioun wier eng Provokatioun, grad um Virowend vun deem Protestdag "Bloquons tout", esou d'Parteicheffin Mathilde Panot gëschter Owend op BFMTV.
Och d'Cheffin vun den Ekologisten, d'Marine Tondelier, huet vun enger Provokatioun geschwat. D'Sozialisten hunn ugekënnegt, datt si sech net un der Politik vum Lecornu wäerte bedeelegen.
Just zwou Parteie sinn zefridden
Och beim rietsextreemen RN gesäit et net besser aus: D'Parteicheffin Marine Le Pen sot, Neiwale wieren elo net méi ze evitéieren. D'Partei huet och matgedeelt, datt ee just ee Budget no hirem Modell wäert ënnerstëtzen, a soss e Mësstrauensvott wäert areechen.
Eenzeg bei de Macronisten an de konservative Les Républicains freet ee sech iwwer d'Nominatioun a weist sech prett fir Accorden ze fannen.