Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Och de lénke Front populaire mécht dem Premier Suergen

Reaktioun op déi franséisch Walen

Och de lénke Front populaire mécht dem Premier Suergen

D’Regierungsbildung a Frankräich riskéiert eng schwiereg ze ginn. Mat nëmmen 182 Sëtz an der Assemblée nationale, amplaz vun den 289, déi néideg sinn fir eng absolut Majoritéit, huet den Nouveau Front Populaire elo zwou Optiounen. Och eng zevill lénks Regierung a Frankräich kéint Risike fir Europa mat sech bréngen, mengt de Premier Luc Frieden.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

De Premier Luc Frieden weist a senger Reaktioun op d'Walresultat drop hin, datt d‘Wieler:inne vun deene Parteie ganz ënnerschiddlech Meenunge vertrieden. Gemeinsam wier hinne just, datt si sech geschlosse géint de Rassemblement National gestallt hätten.

"D‘Fransouse sinn net gewinnt, fir Koalitiounen ze maachen – d‘Englänner iwwregens och net - Dat heescht, dat wat mir gewinnt sinn zu Lëtzebuerg, wat d‘Belsch, d‘Hollänner, déi Däitsch hunn, wou mir automatesch no de Walen eng Koalitioun maachen, dat ass eppes, wat Frankräich net kennt, an dat musse si natierlech lo hei maachen."

De Luc Frieden begréisst, datt de Rassemblement National et net op éischte Plaz gepackt huet. Him géif de Front populaire allerdéngs och Suerge maachen, well och an dëser Gruppéierung géif et um extrem lénkse Bord Stréimunge géint Europa a senger aktueller Form ginn.

Alex Bodry: Stabil Majoritéit éischter onwarscheinlech

Entweder kann d’Lénks-Allianz ronderëm de Jean-Luc Mélenchon de Wee vun enger Minoritéitsregierung goen, oder si kuckt sech no Koalitiounspartner ëm. De fréieren LSAP-Minister Alex Bodry gesäit dofir kuerzfristeg allerdéngs keng Chancen.

"Politesch gesinn ech kuerzfristeg keng Méiglechkeet fir eng stabil Majoritéit zesummen ze kréien. Sou datt ech mengen, datt d’Optioun vun enger Minoritéitsregierung déi warscheinlechst ass. Kloer, d’Gauche ass ugetrueden a Frankräich fir sech géint de Rassemblement National ze stäipen, mee hiren zweete Géigner war och de Macron."

Xavier Bettel: E Kompromësskandidat gëtt gebraucht

Datt den Nouveau Front Populaire e Partner fënnt, wier éischter onwarscheinlech, fënnt och de Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel. Eng Minoritéitsregierung géif awer bedeiten, datt d‘Gauche fir all eenzel Projet am Parlament eng nei Majoritéit muss zesumme kréien. Donieft dierft een och net vergiessen, datt d‘France Insoumise an där Gruppéierung stäerkste Kraaft ass.

"An da wäerte si och revendiquéiere kënnen, de Premier ze stellen. Mee ob deen eng Majoritéit fënnt an der Chamber: J‘ai des doutes."

Et bräicht dofir e Kompromësskandidat, mat deem all Kräfte kéinte liewen. Fir de Xavier Bettel wier et doriwwer eraus wichteg, "datt déi Leit vun de Sozialisten, vun deene Gréngen, vum Här Macron sengem Clan a vun de Republikaner sech zesumme setzen, well déi hätten eng Majoritéit an dann hätt een d‘Extremer net derbäi."

Lauschterenplay_arrow