Grad wéi bei anere Wiederwarnunge gëtt et och bei Hëtzt eng Prozedur, déi fir de CGDIS gräift, erkläert de Christopher Schuh vum CGDIS. Ënner anerem géifen all déi operationell Leit drop preparéiert ginn, datt méi Ambulanzasätz misste gefuer ginn. Och intern géifen et Mesurë ginn.
"Datt eis Leit, déi haut mussen an ee Brandasaz goen, wat souwisou jo kierperlech ustrengend ass, an nach méi bei der Hëtzt, datt déi spezifesch op sech oppassen, datt si sech virun an nom Asaz hydratéieren. Mir hunn och fir Brandasätz en place gesat, datt mer eisen SSI, dat heescht een Infirmier, dee mat erausfiert, spezifesch no eise Leit kuckt."
Opgrond vum ville Reen déi lescht Woche géif et awer keen erhéichte Risk fir Vegetatiounsbränn ginn, esou de Christopher Schuh. Trotzdeem sollt ee beispillsweis Feier dobaussen evitéieren.
Ob d'Leit, déi am Stau stinn, oppassen
Och den 112 wier wéinst der Hëtzt anescht preparéiert. Beispillsweis missten direkt Moyene geschéckt ginn, wann eppes géif op e Bëschbrand hindeiten. An och d’Motorradsstaffel wier preparéiert.
"Wa mir Leit hunn, déi länger géifen am Stau stoen an den Autoen, datt mir dann direkt prett wiere fir Leit mat de Motorrieder fortzeschécken, fir d’Automobilisten am Stau mat Waasser ze versuergen an nozekucken, ob alles an der Rei ass. Grad ass d'Vakanzenzäit, et ass vill Transitverkéier, Leit mat klenge Kanner, oder eeler Leit, déi spezifesch vulnerabel sinn."
CGDIS erënnert: Vill drénken hëlleft
Bei staarker Hëtzt kann et ënner anerem zu Kreeslafproblemer kommen. Et gi verschidde Symptomer.
"Kapp wéi kréien, datt et engem schwindeleg ass, datt ee sech schlapp fillt, datt et engem einfach waarm ass, datt et engem vläicht bësse schlecht ass: Dat si méiglech Symptomer. Déi mussen net zesummen optrieden, et kënnen och nach aner Symptomer sinn."
Déi beschten Asätz wieren déi, déi net misste gefuer ginn, esou de Christopher Schuh. Dofir sollen d’Leit op sech oppassen, andeems si beispillsweis aus der Sonn eraus bleiwen. Virun allem an de Mëttesstonne sportlech Aktivitéite reduzéieren oder nach liicht Kleeder undoen. De klore Message vum CGDIS ass awer einfach: Genuch Waasser drénken.