arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Och d'Luxair a Commercë ware vun der Post-Pann betraff

Gestéiert Kommunikatioun

|
headphones

2 min

headphones

6 min

play_arrow

Och d'Luxair a Commercë ware vun der Post-Pann betraff

Ouni Internet geet haut op ville Plazen net méi vill. Dat huet déi grouss Pann am Reseau vun der Post dës Woch nach eng Kéier gewisen. Den Impakt kruten net just d’Cliente vun der Post bei sech doheem ze spieren, och eng ganz Rei Entreprisë ware betraff.

headphones

2 min

headphones

6 min

play_arrow
©  Rawpixel.com
(Foto: Rawpixel.com)

Bei der Luxair hätten zum Beispill eng Rei Vollen hätte sech bis zu zwou Stonne verspéit an ee Vol huet missten annuléiert ginn. Datt verschidde Vollen net wéi geplangt konnte starten, hat awer näischt mat de Fligeren u sech ze dinn, et war drop zréck ze féieren, datt d’Communicatioun um Buedem ouni Internetzougang méi komplizéiert ass.

"Mir hunn zum Deel misste mat Pabeier schaffen, och well verschidde Systemer dann awer net sou gaange sinn, wéi se hätte sollten."

An awer, géif d’Luxair verschidde Léieren aus der Pann vun e Mëttwoch zéien, esou de Gilles Feith. Esou géifen zum Beispill op zousätzleche Plaze Printeren opgestallt ginn.

Impakt op Butteker huet sech a Grenze gehalen

De Findel ass awer net déi eenzeg Plaz, wou een e Mëttwoch am spéide Nometteg deels e bësse méi laang huet misse waarden bis een um Tour war, och a verschiddene Butteker gouf et Problemer, wann ee mat der Kaart wollt bezuelen, erkläert den Theo Biwer vun der Luxembourg Confederation.

Den Impakt dovun hätt sech awer a Grenze gehal. Méi grouss Geschäfter a Supermarchéeschainen wieren nämlech drop preparéiert, datt den Internet och mol kann ausfalen.

Grouss finanziell Abousse fir d’Geschäfter gouf et op alle Fall net. An dat hat wuel och e bësse mat Chance ze dinn. D’Pann bei der Post wier nämlech net grad an eng Rushhour fir d’Geschäfter gefall, erkläert den Direktiounsmember vun der Luxembourg Confederation.

"Hei si mir elo an der leschter Woch vun de Solden op engem Mëttwoch. Do war den Impakt natierlech vill méi kleng wéi zum Beispill um éischte Weekend vun de Solden."

Gléck am Ongléck deemno fir d’Geschäftswelt. Hire Brancheverband betount awer, de Secteur wier allgemeng gutt op Internetausfäll preparéiert.

play_arrow Lauschteren