Hannergrond ass, datt CSV an déi gréng un der Escher Koalitioun mat der DP festhalen, nodeems den Affekot an Escher DP-Schäffen d'lescht Woch wéinst schwéierem Steierbedruch zu enger Geldstrof verurteelt gi war.
D‘Oppositioun hat déi Escher Gréng dowéinst kritiséiert. D‘Joelle Welfring schreift an engem perséinleche Facebook-Post, datt déi gréng elo géifen un de Pranger gestallt ginn, well eng aner Partei e Feeler gemaach hätt. Dat kéint si net verstoen. Déi gréng hätten decidéiert fir weider mat ze gestalten a géifen elo dofir schëlleg gemaach ginn. Sou kuerz virun den EU-Walen.