arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Och Lëtzebuerg tendéiert am Moment dozou Palästina unzeerkennen

Lëtzebuerger Ausseminister

|
headphones

2 min

headphones

8 min

play_arrow

Och Lëtzebuerg tendéiert am Moment dozou Palästina unzeerkennen

Och Lëtzebuerg tendéiert am Moment dozou Palästina unzeerkennen, esou de Lëtzebuerger Ausseminister am 100,7-Interview. No der Annonce vum Emmanuel Macron, fir Palästina unzeerkennen, wier et awer keen Automatismus, datt Lëtzebuerg dat och géif maachen, sou de Xavier Bettel.

headphones

2 min

headphones

8 min

play_arrow
© European Union
(Foto: European Union)

Déi definitiv Positioun géif Lëtzebuerg am Septemeber op der UNO-Generalversammlung zu New York bekannt ginn, esou de Xavier Bettel de Moien am 100,7 Interview.

Sécher wier awer, datt den Drock op Israel erhéicht misst ginn, wéinst den iwwer 80.000 Doudegen déi de Krich an der Gazasträif bis ewell gefuerdert huet. 

"Also d'Situatioun ass schrecklech an d'Leit erhéngeren. Am Moment heescht mir hunn och eng Hongersnout."

De Xavier Bettel léisst d'Argument net gëllen, datt een Israel duerch eng Unerkennung vu Palästina géif dozou brénge sech engem konstruktiven Dialog ze verschléissen. Israel géif zënter Méint blockéieren.

"D'Situatioun kann net vill méi schlecht ginn, wéi bis elo."

Den israeelesche Premier huet d‘Unerkennungs-Annonce vum franséische President Israel als "Belounung fir den Terror" veruerteelt.

Och d‘USA soten, si géifen déi franséisch Unerkennung vun engem palestinensesche Staat ofleenen.

Vill Kanner sinn ënnerernärt

An der Gazasträif wär e Véierel vun de Kanner bis 5 Joer ënnerernärt. Dat huet Médecins sans frontières d’lescht Woch festgestallt. Schwangeren oder nierende Frae géif et d’selwecht goen, sou MSF. Den Honger als Krichswaff ze benotzen, sou wéi d’Israeelien dat an der Gazasträif maache géifen, hätt nei Héichten erreecht, schreift d’Hëllefsorganisatioun an engem Communiqué.

Iwwer 100 Mënschen un Honger gestuerwe

Am Schreiwes vun UNICEF heescht et och, datt zënter dem Krich an der Gazasträf am ganzen iwwer 100 Mënschen un Honger gestuerwe wieren. 80 Prozent dovun wiere Kanner. Unicef fuerdert an deem Kontext ongehënnerten Zougang fir humanitär Hellef an der Gazastraif. Den Ament géif sech schwéier Ënnerernierung bei Kanner méi séier ausbreeden, wéi Hëllef baikomme kéint. Dat mellt d‘UN-Hëllefswierk UNICEF. 

play_arrow Lauschteren