arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Cercle de Coopération des ONGD verlaangt eng kohärent Politik

National

|
headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

De Cercle de Coopération des ONGD verlaangt eng kohärent Politik

De Cercle des ONG huet eng Rei vu politesche Doleancen. Am Virfeld vun der Debatt iwwer d‘Kooperatioun d‘nächst Woch an der Chamber hu Vertrieder:inne vu sechs Organisatiounen déi Problematiken an der zoustänneger Chamberkommissioun virbruecht.

headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Cercle de Coopération LOGO | © Radio 100,7
Cercle de Coopération LOGO (Foto: Radio 100,7)

Engersäits géifen d‘Aarbechtsconditiounen fir d‘ONG‘en ëmmer méi schwiereg ginn well a villr Länner demokratesch Grondreegelen mat Féiss getrëppelt ginn. Op der anere Säit wier déi national Politik a ville Beräicher net kohärent mat den Zieler déi d‘ONG‘en sech gesat hunn. 

Elo misst gewise ginn, wéi kohärent Politik geet 

Et ass besonnesch de Punkt vun der Kohärenz vun der Politik, déi de sechs Delegéierte vum Cercle des ONG uewe geleeën hunn. Et misst verhënnert ginn, datt op der enger Säit d‘Regierung sech engagéiert fir géint Kanneraarbecht virzegoen an héich Ëmweltstandarden ze sëtzen. Op der anerer Säit awer indirekt wirtschaftlech Interte vertrëtt, déi deenen Zieler entgéint lafen.

Hei kéint déi Lëtzebuerger Politik deemnächst konkret weisen, wéi eescht hir déi Ziler gemengt sinn, erkläert de Jean-Louis Zeien, ee vun den Delegéierte vum Cercle des ONG:

"Oder mir wäerten se verpassen, an dat wier dramatesch bei der Ëmsetzung vun der sougenannter Liwwerkettendirektiv an eis national Gesetzgebung." 

Lëtzebuerg kéint hei ee ganz ambitionéierten Text virleeën oder awer d'Reegelen a Saachen Aarbechtsrecht an Ëmweltschutz weider verwässeren, esou nach den ONG-Vertrieder.

Kooperatiouns- a Wirtschaftspolitik am Widdersproch

Eng Kritik, déi vum LSAP-Deputéierte Franz Fayot gedeelt gouf. Och hie géif grouss Problemer gesinn, wat d'Kohärenz vun der Politik ugeet. 

"Well mer dann engersäits, op alle Fall um Pabeier, eng ambitionéiert Entwécklungspolitik hunn, d'Kooperatiounspolitik. Op der anerer Säit dann natierlech esou Texter wéi d'Liwwerkettegesetz matverwässeren, ënner der Influenz vu grousse Wirtschaftslobbyisten, déi aus Amerika kommen, wéi mer dat jo elo a Question parlementaire beäntwert kruten." 

Dobäi wier d'Aart a Weis ganz ontransparent, kritiséiert den LSAP-Deputéierten. 

"Awer ëmmerhin sou, datt u sech do vill Kontradiktioune sinn an der Kooperatiounspolitik mat der Wirtschaftspolitik, dëser Regierung, déi ganz kuerzfristeg ass."

Aner Kritikpunkte waren de Finanzement vun den ONG‘en, wou gefäert gëtt, datt Ëmwelt a Flüchtlingsfongen an Zukunft zesumme mat den ONG-Budgete verrechent an doduercher kënschtlech opgeblose ginn.

Prinzip vun "Additionalitéit" soll net a Fro gestallt ginn

D‘Joëlle Welfring vun déi gréng huet weider Kritick un der der Citoyenneté mondiale als educatiivt Zil an de Finanzement vun den ONGe geäussert. Den Ament géif et Suergen am Sekteur ginn, wat de Prinzip vun der "Additionalitéit" ginn, dee scho ganz laang vu Lëtzebuerg ugewannt gëtt, esou d'Joëlle Welfring.

D'Angscht vun den ONGe wier, datt dëse Prinzip am Kader vun enger zukünfteger Klimastrategie kéint a Fro gestallt ginn. 

"Alles, wat an der Kooperatioun mat Entwécklungslänner ass, déi Suen, déi do investéiert ginn, sollen zousätzlech gesi ginn zu der Klimafinanzéierung an zu dem Accueil vun de Refugiéen hei am Land." 

D‘nächst Woch ass dann an der Chamber d‘Deklaratioun vum Ausseminister Xavier Bettel zur Kooperatiounspolitik.

play_arrow Lauschteren