arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ONA-Strukture fir Asyldemandeuren: Wou si se drun?

Analys

|
headphones

4 min

headphones

6 min

play_arrow

ONA-Strukture fir Asyldemandeuren: Wou si se drun?

De Familljen- an Accueilsminister Max Hahn wollt mam Pilgerstaf duerch d’Land zéien, fir Strukturen ze fannen, fir Demandeurs de protection internationale. Dat sot den DP-Minister am Januar op enger Pressekonferenz. Néng Méint dono kann ee sech froen: Wou bleiwen déi Strukturen?

headphones

4 min

headphones

6 min

play_arrow

Et ass den aktuellen Zuelen no nach ëmmer sou, datt ongeféier zwee Drëttel vun de Gemenge keng Struktur hunn. Déi Zuele krut de Radio 100,7 vum ONA, dem Office National de l’accueil. Déi Verwaltung, déi responsabel ass fir d’Gerance vun de Strukture fir Refugiéen, also Mënschen deenen hir Demande fir Schutz zu Lëtzebuerg nach amgaangen ass.

Am Ganze ginn et queesch uechter d’Land bal 8.300 sougenannten ONA-Better, also Plaze fir Refugiéen. Spëtzereider ass do d’Stad Lëtzebuerg, déi méi wéi een Drëttel vun de Plaze stellt. 

Struktur zu Stroossen op Demande vu Privatbesëtzer

Ënnert de gréissere Gemenge schéngen déi meescht eng Struktur ze hunn. Eng weider grouss Gemeng, nämlech Stroossen, wäert och eng nei Struktur kréien.

Et gouf an de leschte Méint also schonn Entwécklungen. Allerdéngs seet de Stroossener Buergermeeschter Nico Pundel am 100,7-Interview, datt et d’Demande war vum Privatbesëtzer vun engem Gebai dat eidel stoung, fir säin Terrain dem ONA zur Verfügung ze stellen. D’Gemeng Stroossen wier awer "ëmmer am Gespréich mam ONA fir eben eventuell Strukture kënnen opzemaachen".

Iwwer d'Zesummenaarbecht scheede sech d'Geeschter

Dat ass awer net de Feedback, deen ee vu verschidden anere Gemenge krut. Fir d‘Recherche goufen effektiv quasi allen 100 Gemengen am Land kontaktéiert. Iwwer d’Zesummenaarbecht mam ONA a mam Minister scheede sech d’Geeschter.

Fir déi eng, beispillsweis d’Gemeng Dikrech, leeft déi Zesummenaarbecht gutt. Ëmmerhi wier de Ministère proaktiv op si duerkomm, fir d’Struktur um Härebierg nach ze erweideren. Aner Gemenge soen, si wieren nach ni vum ONA kontaktéiert ginn, obwuel se Terrainen hätten, déi ee kéint zur Verfügung stellen.

Hei muss awer gesot ginn, datt et wierklech net einfach war, d’Buergermeeschtere mat dësem Sujet ze konfrontéieren. Vill hunn eis just schrëftlech geäntwert, datt si keng Strukturen hätten, anerer soten um Telefon se wéilten dozou keen Interview ginn, firwat hir Gemeng keng Struktur huet. Anerer soen, si hätte keen Terrain, domat wier d’Thema giess.

Vill Versteesdemech a wéineg Drock

Da ginn et awer och Gemengen, wéi beispillsweis Gréiwemaacher, déi duerchaus vum ONA kontaktéiert goufen, mee déi fir sech nach keng Decisioun geholl hunn. 

Dat schéngt wuel net all ze dréngend. Op Nofro hu verschidde Gemengen och konnte soen, datt keen Drock vu Säite vum ONA op si ausgeüübt géif ginn. Also den Acceuilsministère hätt duerchaus vill Versteesdemech wann eng Gemeng keng Struktur op hirem Terrain wëllt opmaachen. Änleches sot de Minister Max Hahn iwweregens och um Mëttwoch bei Reporter.lu am Interview: Hie géif am direkte Kontakt mat de Gemengen opklären an auslote wat méiglech ass. An e puer Joer kéint ee sech dann en Urteel bilden doriwwer, op seng Strategie Friichten dréit oder net.

Gespréicher tëschent Gemengen an ONA zéie sech

De Minister huet eis op Nofro hi schrëftlech matgedeelt, datt een zënter Januar dëst Joer mat 40 Gemengen iwwer eventuell ONA-Better an hirer Gemeng geschwat hätt. Doropshin huet d’Gemeng Stroossen eis matgedeelt, datt Strukturen an hir Gemeng wäerte kommen. Et missten awer nach verschidde Saache gekläert ginn. A grad op deene Punkte schéngt et méi dacks e bëssen hänken ze bleiwen. Och de Stroossener CSV-Buergermeeschter seet, d’Zesummenaarbecht mam ONA géif gutt lafen, mee: 

"Also mer diskutéiere schonn ze laang, fir datt mer nach net wäit komm sinn. Dat ass e bëssen eppes, wat mir ëmmer als Gemeng soen."

Änlech argumentéiert iwweregens den DP-Buergermeeschter vu Leideleng, de Lou Linster. Och bei hinnen hätten d’Gespréicher sech ëmmer nees gezunn.

"Wéi bei deene meeschte staatlechen Institutiounen, näischt geet vun haut op muer oder bei ville Gemengen, mee awer nach, hate mer bannent dräi Méint awer déi ganz Saach iwwert d'Bün. Jo, do hätt och dat eent oder anert kéinte méi séier goen.“

Hie weist awer vill Versteesdemech fir den ONA. Dat well Leideleng hei e spezielle Fall ass, an eng ganz eege Konventioun mam ONA ausgeschafft huet. Mol géife si als Gemeng proaktiv op den ONA duergoen, mol wier den ONA u si erugetrueden. De Lou Linster beschreift déi Zesummenaarbecht also éischter positiv.

Fir méi Solidaritéit tëschent de Gemengen

Zwee Drëttel vun de Gemengen hu guer keng Strukture fir Asyldemandeuren. Et ginn also Gemengen, déi sech net an der Responsabilitéit gesi fir eppes dorun ze änneren. Oder si soen, si wieren och net vum ONA kontaktéiert ginn.

Dat geet natierlech zu Laaschte vun deene Gemengen, déi Strukturen hunn, an déi deelweis och weider vergréisseren. Wéi sot ee Buergermeeschter um Telefon? Hie géif sech bësse Solidaritéit tëschent de Gemenge wënschen, ëmmerhi kéint een net alles eleng stemmen. 

play_arrow Lauschteren