Den OGBL kéint dës Initiativ awer net guttheeschen, erkläert de Jean-Luc de Matteis vum OGBL op eis Nofro hin. De Risk vu Kontrolle géif nämlech dofir Suergen, datt d'Patronen, déi sech net wéilten un d'Gesetzer halen, dëst awer maachen. Wann der ITM d'Personal feelt fir souwuel Preventioun wéi Kontrollen ze maachen, da missten nei Leit agestallt ginn, fënnt de Jean-Luc de Matteis.
Fro vum politesche Wëllen
A sengen Aen ass dat och eng Fro vum politesche Wëllen: Et wier net d'Gewerbeinspektioun, déi decidéiert manner Kontrollen ze maachen, mee den Aarbechtsminister, deem d'ITM ënnersteet. "A wa mir elo gesinn, datt do awer Problemer sinn, da wäerte mir awer selbstverständlech intervenéiere beim Aarbechtsminister, fir dat doten ze klären", esou de Jean-Luc de Matteis.