arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ OGBL fir eng Verankerung vum Recht op Ofdreiwung an d’Verfassung

An engem Communiqué

|
headphones

1 min

OGBL fir eng Verankerung vum Recht op Ofdreiwung an d’Verfassung

De Fraen-Departement vum OGBL schléisst sech de Revendicatioune vun den Organisatiounen un, déi eng Verankerung vum Recht op Ofdreiwung an der Verfassung fuerderen. Dat deelt d’Gewerkschaft an engem Communiqué mat.

headphones

1 min

De Slogan "My body my choice" deen dofir steet, datt Fraen an Transgender Mënschen e Recht drop hunn, iwwer hiren eegene Kierper ze bestëmmen | © EPA/CLEMENS BILAN
De Slogan "My body my choice" deen dofir steet, datt Fraen an Transgender Mënschen e Recht drop hunn, iwwer hiren eegene Kierper ze bestëmmen (Foto: EPA/CLEMENS BILAN)

Den Accès zu Ofdreiwung ass e fundamentaalt Recht, an de Fraen-Departement vum OGBL géif och déi parlamentaresch Initiativ ënnerstëtzen, fir d‘Recht op Ofdreiwung an d‘Verfassung ze schreiwen, esou e Communiqué vum OGBL sengem Departement Fraen.

Si ruffen all Deputéiert op, Courage ze weisen a sech där Fuerderung och unzeschléissen. Den OGBL géif och d‘Initiativ vum Planning Familial ënnerstëtzen, fir sech e Méindeg de Moie virun der Chamber ze rassembléieren.