OGBL an LCGB kritiséieren Ongläichheeten am ëffentlechen Déngscht
An engem gemeinsame Communiqué kritiséieren d‘Gewerkschaften LCGB an OGBL, déifgräifend Ongläichheeten an de Salairen am Ëffentlechen Déngscht. Tëschent Leit déi beim Staat, bei Gemengen oder ëffentlechen Institutiounen agestallt sinn, gëtt nach ëmmer ee groussen Ënnerscheed an de Gehälter gemaach.