arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ OGBL: Aktuell Sécherheetsmesure am ëffentlechen Transport ginn net duer

Aarbechtswelt

|
headphones

1 min

OGBL: Aktuell Sécherheetsmesure am ëffentlechen Transport ginn net duer

Den OGBL fuerdert sou séier wéi méiglech eng Verbesserung vun der Sécherheet am ëffentlechen Transport. An engem Schreiwes vun der Gewerkschaft heescht et, datt d‘Zuel vun den Aggressiounen däitlech zougeholl hätt.

headphones

1 min

Déi annoncéiert Mesure vum Mobilitéitsministere, Sécherheetspläng, Zesummenaarbecht mat de Sécherheetskräften oder nach gesetzlech Reegelungen, géifen um Terrain net duergoen, schreift den OGBL.

Grad am regionale Busreseau RGTR géif ee grousse Manktem u Sécherheet bestoen.

D‘Chauffeuren a Chauffesche bräichten dofir getrennte Kabinne, déi och anstänneg ofgeséchert wieren. Parallel missten d‘Sécherheetsagente méi systematesch an Zuch a Bus patrulléieren a Visibilitéit weisen, sou nach den OGBL.