Niewent Bréissel ware London Heathrow, Berlin an Dublin betraff. Do huet d'Situatioun sech zënter e Sonndeg verbessert, et ass awer mat weidere Retarden um Méindeg ze rechnen.
D'Cyberattack hat déi US-amerikanesch Firma Collins Aerospace viséiert, déi europäesche Flughäfen Check-In a Boarding Servicer liwwert. D'Hannergrënn vun der Attack sinn nach ëmmer onkloer.