De rietse Katastropheschutzminister Nello Musumeci huet iwwerdeems der Administratioun vun der Regioun Emilia-Romagna virgeworf, net genuch a den Héichwaasserschutz ze investéieren.
A Polen dergéint beweegt sech d‘Héichwaasserwell elo op der Oder weider. Betraff ass elo d‘Regioun Nordschlesien. De polnesche Regierungschef Donald Tusk huet erkläert, d‘Noutlag wier nach net eriwwer. Am tschecheschen Ostravia, dat och schro betraff war, gi gratis Hepetitisimpfungen offréiert, fir d‘Ausbreede vun der Krankheet ze verhënneren.