Den Operateur vum 112 kann dem Uruffer dobäi ee Link per SMS schécke fir den Accès op d‘Kamera an de Mikro vum Handy fräizeschalten.
Den Operateur kritt dann d‘Biller an den Toun vun der Asazplaz op sengem Ecran ugewisen. Fir esou d‘Situatioun op der Plaz besser anzeschätzen oder och den Uruffer bei der Éischter Hëllef ze guidéiere bis d‘Ambulanz do ass.
D‘Funktioun géif awer net d‘office bei all Noutruff genotzt ginn, mee just dann, wann d‘Situatioun et verlaangt, esou nach de Minister.