arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Norwegen: Ministerpresident Støre feiert Victoire bei de Walen

Aarbechterpartei

|
headphones

1 min

Norwegen: Ministerpresident Støre feiert Victoire bei de Walen

Bei der Parlamentswalen an Norwege gouf déi sozialdemokratesch Aarbechterpartei vum Premier Jonas Gahr Støre als stäerkste Kraaft confirméiert. Virleefeg Resultater no kënnt si op eppes méi wéi 28 Prozent vun de Stëmmen.

headphones

1 min

© EPA/OLE BERG-RUSTEN NORWAY OUT
(Foto: EPA/OLE BERG-RUSTEN NORWAY OUT)

De Jonas Gahr Støre, deen zënter 2021 Premier ass, huet domat gutt Chancen op eng zweet Amtszäit. Fir ze regéiere brauch eng Partei oder Koalitioun an Norwege keng parlamentaresch Majoritéit.