arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Noriichtejournalist:in fir Lëtzebuerg onofhängeg ze informéieren

Joboffer

|
reading time

1 min

Noriichtejournalist:in fir Lëtzebuerg onofhängeg ze informéieren

Däin Häerz schléit fir de Service public?

Beim Radio 100,7 ass den Impakt vun denger Aarbecht méi wichteg wéi de Chiffre d’affaires. Schaff an eisem Newsroom, mat Fokus op déi politesch Aktualitéit. Mat denge Bäiträg gees du der Saach op de Fong a suergs fir déi néideg Orientéierung.

reading time

1 min

Wéi stäerks du de Service public?

Du bass virwëtzeg a gëss däi Wësse gären op Lëtzebuergesch weider. Deng Ambitioun ass net just, datt deng Nolauschterer an Nolauschterinne wëssen, mee datt si och verstinn. Du gees gären op den Terrain an op d’Leit zou. Du bass autonom a fills dech gläichzäiteg wuel an enger dynamescher Ekipp.

Wourop s du dech verloosse kanns!

Mir fuerderen net just Flexibilitéit, mir liewe se och – ob bei Homeoffice oder Work-Life-Balance. Mir bidden en attraktiivt Gehalt mat gesécherte Perspektiven an hëllefen dir dech weiderzeentwéckelen. Mir bidden dir eng Aarbecht, déi ni langweileg gëtt, a wann d’Noriichte sech iwwerschloen, meeschtere mir dat zesummen.

An elo?

Hues du nach Froen? Da mell dech!

Ass alles kloer? Da schéck eis deng Kandidatur bis de 25. Mee op rh@100komma7.lu.

Am Fall vun engem Rekrutement muss e Casier judiciaire (Nummer 3) virgeluecht ginn.