arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nordstadfusioun: Schieren ass fir e Weiderféiere vun de Gespréicher

Lokal

|
reading time

1 min

Nordstadfusioun: Schieren ass fir e Weiderféiere vun de Gespréicher

Suite am Dossier Nordstadfusioun: De Gemengerot vu Schieren huet sech gëschter um Mëttwochowend an engem Vott fir d'Weiderféiere vun de Gespréicher mat Dikrech an Ettelbréck entscheet.

reading time

1 min

© Ernmuhl / Wikimedia Commons
(Foto: Ernmuhl / Wikimedia Commons)

De Vott war mat 8 Jo-Stëmmen unanime. Déi Decisioun kënnt nodeems et Ufank vun der der Woch an enger weiderer potentieller Nordstad Gemeng zu Ierpeldeng eng Pattsituatioun iwwer d'Suite vum Projet gouf.