arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nora Back: "Mir brauchen Zougeständnisser vun der Regierung"

Gewerkschaften

|
headphones

3 min

headphones

7 min

play_arrow

Nora Back: "Mir brauchen Zougeständnisser vun der Regierung"

Den OGBL an den LCGB hu gëschter um Donneschdeg däitlech gemaach, datt si mat dëser Regierung nëmmen nach just dat Néidegst wëllen ze dinn hunn an op jidde Fall a keng Reunioun zu dräi - also mat Regierung a Patronat - wäerte goen. Am 100,7-Interview rechtfertegt d'Nora Back dëse Schrëtt.

headphones

3 min

headphones

7 min

play_arrow
© Chris Zeien
(Foto: Chris Zeien)

Datt d'Gewerkschaften esou en haarde Schnëtt géife maachen, dat hat sech an de leschten Deeg ofgezeechent. An awer: Wann een no der drëtter Sozialronn op een Acteur hätt missen tippen, deen d’Dier géif zouklaken, wier de Choix villäicht éischter op d’Patronat gefall, déi mat zimmlech eidelen Hänn do stinn.

D’Gewerkschaften nämlech sinn op den éischte Bléck net esou schlecht dovu komm. An awer ass elo dëse radikale Schrëtt komm.

Nora Back: Regierung lauschtert no, an decidéiert awer selwer

Am 100,7-Interview erkläert d’OGBL-Presidentin Nora Back, firwat et dozou komm ass.

"Dat Resultat vun de Sozialronnen ass leider net d'Resultat vun de Verhandlungen, well et gouf net verhandelt. Et ass eng unilateral Decisioun vun der Regierung an et ass just de Resultat vum Drock vun de Gewerkschaften a vun de Leit op der Strooss, dat dat dote bruecht huet."

Dës Regierung wéilt net verhandelen, esou d’Nora Back. Si géif nolauschteren an dono d’Entscheedungen awer eleng huelen.

"An dat ass de Grond, firwat mir net kënnen an de Comité permanent du travail et l'emploi goen, well et och do keng Verhandlunge wäerte ginn."

Keng Konflikter op der Strooss gewënscht

D'Regierung huet d'Tripartite "vreckt gemaach", esou d’Nora Back rezent. D’Vertrauen an d’Regierung wier fort. Et wier een allerdéngs ëmmer nach dialogbereet, och wann een d’Gefill hätt, et wier een déi eenzeg, déi de Lëtzebuerger Sozialmodell nach verteidege wéilten.

Soulaang d’Approche vun der Regierung net ännere géif, wier ee just bereet a bilateral Reuniounen ze goen, präziséiert nach d’Nora Back.

Et géif ee kloer de Support vun de Memberen a vun de schaffende Leit spieren, seet d’Nora Back, a verweist nach emol op d’Demonstratioun den 28. Juni, wou 25.000 Mënsche sech mobiliséiert haten. Dat soll awer – trotz dem Succès – net zur Gewunnecht ginn.

"Mir wëlle wierklech net déi dote Situatioun hei zu Lëtzebuerg. Dat huet eis Success Story e bëssen ausgemaach, datt mir déi Sozialronn hei haten an net déi Ausernanersetzungen a Konflikter, wéi mir se an den Nopeschlänner kennen, wou stänneg Aktiounen op der Gewerkschaftsaktiounen op der Strooss stattfannen."

"Mir brauchen Zougeständnisser"

Mee wéi ee Geste, wéi eng Zouso, misst konkret vun der Regierung kommen, fir datt d’Gewerkschaften awer nees bereet wieren, gemeinsam un een Dësch ze goen? Eng Premiss wier, datt den CPTE nëmme kéint Decisiounen huelen, wann et en Accord géif ginn.

"An da brauche mir d'Zougeständnisser, datt hei net wierklech just Sozialofbau gedriwwe gëtt op der Fro vum Aarbechtsrecht, mee dass seriö negociéiert gëtt am Sënn vun de schaffende Leit an den Entreprisen."

De ganzen Interview mat der Nora Back

play_arrow Lauschteren