Den islameschen Zentrum zu Hamburg a seng Deel-Organisatioune goufe vun der Bundesinnenministerin Nancy Faeser verbueden. Den Zentrum géif dem Ministère no als direkt Vertriedung vum iranesche Regime d‘Ariichte vun enger autoritär-islamescher Herrschaft propagéieren.
Honnerte Polizisten hunn de Verbuet de Moien ëmgesat. Den islameschen Zenter zu Hamburg gouf schonn zënter Jore vum Verfassungsschutz an Däitschland observéiert.