Radioen

On air

Moiesstudio  |  Recrutementsproblemer am Fleegesecteur

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Noah Lyles gewënnt iwwer 100-Meter

Olympesch Spiller

Noah Lyles gewënnt iwwer 100-Meter

Bei den Olympesche Spiller zu Paräis huet deen amerikanesche Sprinter-Star Noah Lyles d'100-Meter gewonnen. Dat an enger Zäit vu 9,79 Sekonnen.

auto_stories

1 min

picture alliance/dpa | Sven Hoppe | © Noah Lyles
Foto: picture alliance/dpa | Sven Hoppe

Domat war hien nëmme fënnef Dausendstel Sekonne méi séier wéi de Jamaikaner Kishane Thompson, dee Sëlwer krut. D'Bronzemedail war fir den Amerikaner Fred Kerley.

Fir Lëtzebuerg koumen d'Christine Majerus de Sonndeg an der Stroossecourssen am Cyclissem op déi 17. Plaz; d'Goldmedail war fir d'Amerikanerin Kristen Faulkner.

Haut ass et dann an der franséischer Haaptstad den Optrëtt vum zweetleschte Lëtzebuerger Sportler: De Liichtathlet Ruben Querinjean leeft um 4 Minutten op 7 den Owend seng Serie iwwer d'3.000 Meter Steeple. Et ginn 12 Leefer an där Serie un den Depart; déi 5 éischt kommen an d'Finall, déi iwwermuer ass.