De President huet mam Buergermeeschter vu Minneapolis Jacob Frey a mam Gouverneur vum Staat Minnesota, Tim Waltz, alle béid Demokraten, um Telefon iwwert d‘Situatioun zu Minneapolis geschwat. Dem Trump seng Pressespriecherin Caroline Leavitt sot op enger Pressekonferenz am Wäissen Haus, de President géif et net gutt fannen, wa Leit op der Strooss erschoss ginn.
D‘Beamte vun ICE dierften awer och net bei hirer Aarbecht gestéiert ginn, fir Krimineller a Leit ouni Openthaltsgeneemegung ze verhaften an aus dem Land ausweisen, esou dem President seng Pressespriecherin.
Zwee zivil Affer zu Minneapolis
Beamte vun ICE haten d‘leschte Samschdeg dee 37 Joer ale wäissen US-Bierger Alex Pretti op der Strooss zu Minneapolis erschoss. Hien ass dat zweet zivilt Doudesaffer zu Minneapolis.
Den Donald Trump huet elo de sougenannte Grenz-Tsar, Tom Homan, Beoptraagte fir de Grenzschutz, op Minneapolis geschéckt. Hie soll d‘Asätz vun den ICE Beamten iwwerwaachen an dem President ee Rapport maachen.
ICE op de Wanterspiller
D‘USA schécken och ICE-Agenten op d‘Olympesch Wanterspiller, am Februar an Italien. Déi sollen do fir d‘Sécherheet vun der US-Delegatioun suergen. Och den amerikanesche Vizepresident JD Vance an den Ausseminister Marco Rubio si bei der Ouvertureszeremonie de 6. Februar zu Mailand dobäi.
An Italien gëtt den Asaz vun ICE-Beamte schaarf kritiséiert. De Buergermeeschter vu Mailand sot, si wieren do net wëllkomm.