Et hätt een entretemps den "Tour gemaach", esou d'Parteipresidenten Closener a Biancalana. D'Missioun d’Partei ze moderniséieren, wier erfëllt, an elo wier et un enger neier Exekutiv, d’LSAP bis déi nächst Walen ze leeden.
CSV-DP-Ëmgang mam Trump schaarf kritiséiert
D’Parteipresidentin Francine Closener huet um Neijoerschpatt och d'Regierungspolitik kritiséiert. Virun allem datt d’Regierung ënner anerem dem US-President Donald Trump seng “autoritär Tendenzen" net schaarf genuch kritiséiert.
De Premier an den Ausseminister missten hei méi kloer Positioun bezéien.
"Kennt Dir d'Positioun vun hinnen zu all deem? Jo, jo, ech weess, mir musse kucken, datt mir d'Interête vun eiser Finanzplaz am A behalen. Mee non, déi ka sech, ka mir wierklech net virstellen, datt den Asselborns Jang net scho laang de Bak opgedoen hätt, wann hien nach do dobäi wier."
"Vorauseilendes Gehorsam? (...) Net mat eis!"
Dee fréieren LSAP-Ausseminister Jean Asselborn hätt sech warscheinlech net dohannert verstoppt, datt Lëtzebuerg eleng näischt bewierke kéint.
"Hien hätt sech scho laang un d'Spëtz gestallt vun deenen Europäer, déi eng konsequent Strategie géife sech ginn, fir géint den Trumpismus virzegoen. Luc Frieden, Xavier Bettel: ass vorauseilend a Gehorsam wierklech eisen neien Nation Branding? Ass dat Lëtzebuerg? Do kënne mir nëmmen Nee soen, net mat eis!"
Kritik vum Parteimanager wuel iwwerraschend
No de Virwërf vum Nach-Parteimanager Ben Streff iwwer ee "Blockage" an der Fraktioun wëllt d’LSAP elo intern nees méi enk zesummeschaffen. Déi deels hefteg Kritik vum Ben Streff koum fir déi aner LSAP-Memberen iwwerraschend.
Et hätt een am Virfeld net gewosst, datt hien domat un d’Ëffentlechkeet géif goen.
D’LSAP hätt bewisen, datt hir Oppositiounsaarbecht wierke géif, esou d’Fraktiounscheffin Taina Bofferding.
Equiliber tëschent Meckeren a present sinn
Ënner anerem beim Abattement pour petite enfance am Kader vun der Steierreform a beim Récktrëtt vum Georges Mischo als Aarbechts- a Sportminister hätt d’LSAP sech getraut, konkreet Proposen ze maachen an de Fanger an d’Wonn ze leeën.
Verschidde Stëmmen, ënner anerem déi vum Ben Streff, géife soen, datt d’Fraktioun effektiv méi aggressiv misst ginn. D’Taina Bofferding hätt awer och aner Stëmmen héieren, déi soen, datt d’LSAP grad elo nodeems si jorelaang an der Regierung war, net nëmme meckere soll.
An do misst een en Equiliber fannen. Mee effektiv misst d’Presenz um Terrain weider ausgebaut ginn, esou nach d’Fraktiounscheffin.
"Ech mengen do kann een ëmmer nach Efforte maachen. Mee mir hate festgehalen, datt mir d'nächst Woch effektiv géifen en Exercice maachen, wou mir eis opdeelen, och elo, well alleguerten déi Assemblée généralë sinn, déi Receptiounen, datt mir do zu e puer vertruede sinn. An dat ass wichteg, datt mir, datt mir dat zesumme maachen, dat hu mir och wëlles esou genee duerchzezéien."
Georges Engel: "Ech si ganz vill um Terrain"
Dee fréieren Aarbechts- a Sportminister Georges Engel dergéint erkennt d’Kritikpunkte vum Ben Streff net un. Partei a Fraktioun géifen un engem Strang zéien a virun allem de Reproche, datt déi fréier LSAP-Ministeren net genuch um Terrain wieren, weist hie vu sech.
"Ech hat gemengt, datt mir dat Theema do gekläert haten an datt mir doriwwer ewech wären. Wéi et schéngt, sinn do awer nach Rancunnen, wa gesot gëtt Ex-Ministeren, an dozou zielen ech mech och, déi wieren net um Terrain. Dat kann ech iwwerhaapt net bestätegen. Ech si ganz vill um Terrain. Ech si ganz vill um Terrain. Ech si ganz vill ënner de Leit. Dat ka jiddweree bestätegen. Dofir verstinn ech déi Kritik wierklech net."
Der Co-Parteipresidentin Francine Closener no misst een d’Meenung vum jonken Nach-Parteimanager eescht huelen.
Oppositiounsroll nach nei fir d'LSAP
Deemno gëtt si him deels Recht an argumentéiert, datt d’LSAP sech an hirer nach zimmlech neier Roll an der Oppositioun nach fanne misst.
"Also et ass e bëssen eng aner Konstellatioun. Jo, et ass eng ganz aner Aarbecht. An ech muss och soen, datt an deene Jore virdru war et am Fong esou, datt d'Parteizentral vill manner politesch war. D'Ekipp war vill manner politesch. An, jo, et ass eng aner Dynamik entstanen. An dat muss sech einfach fannen."
Och de Co-Parteipresident Dan Biancalana schwätzt bei der Zesummenaarbecht tëschent Partei a Fraktioun vun engem Prozess, deen nach amgaangen ass an deen nach misst weidergeféiert ginn.
"Et ass einfach wichteg, datt d'Partei an d'Fraktioun sech koordinéieren. Et muss ee wëssen, datt d'Partei e Liewen huet mat senge Sektiounen an och mat senge Mandatairen um lokale Plang an d'Fraktioun natierlech och an der Alldagspolitik dran ass an och hir Logik huet fir ze funktionéieren, och mat der Chamber. A voilà, ech mengen do ass et einfach wichteg, déi zwee Elementer méi no zesummenzebréngen an zesummen ofzestëmmen. Do ass sécherlech nach e Sputt no uewen."
Mat enger neier Exekutiv an engem neie Grondsazprogramm géif et nom nächste Kongress am Mäerz drop ukommen, sech op déi nächst Wale virzebereeden, esou nach ënner anerem den Dan Biancalana a senger Neijoerschried.