Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino : Befreiung

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No staarken Iwwerschwemmungen: Michel Barnier um Terrain

Frankräich

No staarken Iwwerschwemmungen: Michel Barnier um Terrain

De franséische Premier Michel Barnier ass haut um Terrain, fir mat den Affer vun den Iwwerschwemmunge vun der leschter Woch ze schwätzen. Ausserdeem wëll hien den neien nationale Plang fir d’Adaptatioun un de Klimawandel presentéieren. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Mateusz Wlodarczyk play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Mateusz Wlodarczyk

Dëse schonn drëtte Plang gouf vum fréiere Minister fir déi ekologesch Transitioun initiéiert an huet d’Zil, konkret Mesuren ëmzesetzen, fir d’Land vun de Konsequenze vum Klimawandel ze schützen. Dat an enger Zäit vu schwéieren Iwwerschwemmungen uechter Frankräich. 

De sougenannte PNACC-3 geet vun enger Hausse vun den Duerchschnëttstemperature vu bis zu 4 Grad, bis d’Enn vun dësem Joerhonnert aus a wëll Frankräich besser op Canicullen an Iwwerschwemmunge virbereeden.

De Premier Michel Barnier wäert an de Gemenge Givors an Annonay mat Leit schwätzen, déi vun den Iwwerschwemmunge vum 17. an 18. Oktober schwéier betraff waren. E puer Honnert Leit hate missen evakuéiert ginn, Zuchverbindunge waren ënnerbrach.

Vigiliance orange am Süden

Zu Eveux um Bord vun der Brévenne, engem Niewefloss vun der Saône, wärt de Michel Barnier d’Renaturéierungsaarbechten observéieren, déi hëllefe sollen, weider Iwwerschwemmungen z’evitéieren.

Aktuell gëllt och an de Regioune Gard a Var am Süde vu Frankräich eng Vigilance orange, well am Laf vum Dag haut mat staarkem Ree gerechent gëtt. D’Autoritéite warnen d’Awunne:inner, well duerch déi souwisou scho gesiedegt Biedem d’Peegele riskéiere séier ze klammen.

Lauschterenplay_arrow