arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No schroen Iwwerschwemmungen: EU-Agrarkommissär Christophe Hansen a Portugal

Portugal

|
headphones

1 min

No schroen Iwwerschwemmungen: EU-Agrarkommissär Christophe Hansen a Portugal

De Lëtzebuerger EU Agrarkommissär Christophe Hansen ass zënter e Méindeg a Portugal fir sech e Bild vun der Zerstéierung duerch de rezente Stuerm Kristin ze maachen.

headphones

1 min

Christophe Hansen | © Pit Beffort
Christophe Hansen (Foto: Pit Beffort)

De Christophe Hansen géif haut um Dënschdeg betraffe Plaze besichen a mat betraffene portugisesche Baueren, Betriber an Associatioune schwätzen, dat och, fir si iwwer méiglech Hëllefe vun der EU-Kommissioun ze informéieren, huet de Büro Christophe Hansen eis matgedeelt. 

Bei de staarken Onwiederen a Portugal viru gutt enger Woch koumen op d'mannst 11 Mënschen a Portugal ëm d'Liewen Och Spuenie war betraff.