Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
search

/ Nom schroen Héichwaasser: Ministerpresident a kinneklech Koppel reest an d'Katastrophegebitt

Spuenien

Nom schroen Héichwaasser: Ministerpresident a kinneklech Koppel reest an d'Katastrophegebitt

No de schwéieren Iwwerschwemmungen a Spuenien sollen haut de spuenesche Ministerpresident Pedro Sanchez an déi spuenesch kinneklech Koppel d‘Katastrophegebidder besichen.

auto_stories

1 min

Nom Héichwaasser zu Valencia | © picture alliance / NurPhoto | Albert Llop
Foto: picture alliance / NurPhoto | Albert Llop

Iwwerdeems konnt zu Valencia eng Fra lieweg aus engem Auto gebuerge ginn, nodeems si 3 Deeg laang do agespaart war. Dat huet déi lokal Police iwwer d‘Plattform X confirméiert.

Zënter de schwéieren Onwiedere sollen der spuenescher Regierung no mëttlerweil 211 Mënschen ëm d‘Liewe komm sinn. Iwwer 10.000 Persoune sinn an den Dierfer ënnerwee, fir fräiwëlleg ze hëllefen.