De Peter Mandelson hätt méi wéi eng Kéier gelunn, sot de Keir Starmer e Mëttwoch am brittesche Parlament. De Mandelson hätt wärend der Iwwerpréiwung am Kader vu senger Ernennung als Ambassadeur an den USA gelunn.
De Premierminister erkläert, datt hien et bedauert, dem Mandelson vertraut ze hunn.
Keir Starmer wousst Bescheed iwwer d'Lienen
Doriwwer eraus huet hien och zou ginn, datt hie vun de Lienen tëschent sengem Ambassadeur an dem verurteelte Sexualstroftäter Jeffrey Epstein wosst.
Um Donnëschteg huet de Keir Starmer erkläert, datt hien awer näischt vun dem däischteren Ausmooss vun de Relatioune wosst.
An engem Statement huet hie sech entschëllegt a gesot, datt et him géing leed doen, d'Lige vu sengem Ambassadeur gegleeft ze hunn an him déi Positioun ginn ze hunn.
Kee Récktrëtt vum Premier Starmer
Déi wuel schwéierst Virwërf géint de Mandelson bezéie sech awer op eng eventuell Verletzung vum Ministergeheimnis. Als Member vun der brittescher Regierung soll de fréieren Ambassadeur vertraulech Informatiounen un den Jeffrey Epstein weiderginn hunn.
Dowéinst gouf eng Enquête an d'Weeër geleet.
Eng Rei Deputéiert aus dem brittesche Parlament hu sech, deels anonym, geäussert a sinn der Meenung, datt de Keir Starmer net méi déi néideg Autoritéit als Premier hätt.
De Keir Starmer huet um Donneschdeg kloergestallt, datt hien zwar d'Roserei an de Frust vun den Deputéiert verstoe géif, hien hätt awer net wëlles zeréckzetrieden.